Wikingerschach on the Beach zu Nidderfeelen um Beachterrain, organiséiert vum Feelener Dëschtennis an der Sportsdeddessen a.s.b.l.., dëst Joer als AFTER WORK EDITION.

WÉINI?
Freideg, den 12. September 2025
18h00-18h30: Umeldungen
18h30: Éischte Match
21h30: Final

WOU?
Um Beachvolleyballsterrain
zu Nidderfeelen bei der Sportshal

WOU KANN ECH MECH UMELDEN?
D’Umeldung ass eréischt definitiv, wa bezuelt ass.

D'Umeldung ass op. Klick hei

WÉIVILL KASCHT ET?

Senior: 30€/Ekipp
Junior: 20€/Ekipp (<12 Joer)

D’Plaze si limitéiert
WÉI GËTT GESPILLT?
Zwou Poolen: SENIOR a JUNIOR (< 12 Joer)
Eng Équipe besteet aus 2-3 Leit
WAT LEEFT SOSS NACH?
Sprangschlass fir d’Kanner
Fir Iessen, Drénken an Animatioun ass gesuergt.

 

EKC24 - European Kubb Championships

Aftermovie 2021

Aftermovie 2019