Eis Turnéier Reegelen Fir Wikinger Schach op Sand

Opstellung an Ufank

Am Sënn vu Fairplay ginn d’Kubbs ëmmer d’selwecht am Sand opgestallt. Vir d’éischt eng Kéier mat der Säit vum Kubb eng Kéier iwwert de Sand fueren fir eng flaach Iwwerfläch hierzestellen an dann de Kubb opstellen ouni an de Sand eran ze drécken.

Am Ufank geheit all Equipe mat engem Worfbengel fir erauszefannen wien starten däerf. Déi Equipe déi am noosten beim Kinnek ass, däerf ufänken. Trëfft eng Equipe de Kinnek, huet di aner Equipe automatesch den éischte Worf. D‘Reegel 2-4-6 gëtt bei all Mätch ugewand. D’Equipe déi dierf ufänken (Equipe A) kritt 2 Worfbengelen an deelen déi an der Equipe op. Déi nächst Ronn gëtt mat 4 Worfbengelen gespillt (Equipe B). Ab der nächster Ronn gëtt da mat jeweils 6 Worfbengelen gespillt bis zum Schluss vum Saz. Am zweete Saz fänkt di aner Equipe un.

Worftechnik

De Worfbengel gëtt um Enn ugehall a muss der Längt no geheit ginn. De Bengel gëtt ëmmer vun Ennen geheit. Eng horizontal Roteierung beim geheien ass net erlaabt.

Spillreegelen

D’Zil vum spill ass et dem Géigner seng Kubbs ofzeschéissen an zum Schluss de Kinnek ëmzestoussen fir de Saz ze gewannen. D’Startequipe (Equipe A) probéiert vir d’éischt d’BasisKubbs déi beim Géigner (Equipe B) op der Grondlinn stinn vun hirer Grondlinn mat de 6 Worfbengelen ëmzestoussen. Gëtt een oder méi BasisKubbs getraff, ginn déi Kubbs vun Equipe B an d’Feld vun Equipe A geheit a richt opgestallt vun der Equipe A. Déi Kubbs heeschen elo FeldKubbs a mussen ofgeschoss ginn éier een d’BasisKubbs der an Ugrëff huelen. Verléisst ee Kubb den Terrain beim ageheien, däerf d’Géigner Equipe de Kubb no hirem Choix opstellen esoulaang et op mannst eng Worfbengellängt vum Kinnek ass.

Et ass nët erlaabt am Fall wou een zwee oder méi FeldKubbs geheie muss, mam zweete Feldkubb den éischten ofzeschéissen. Et ass erlaabt ee Feldkubb an ee BasisKubb mam selwechte Worfbengel ofzeschéissen, esoulaang de Feldkubb vir d’éischt getraff gëtt an ëmfält. Gëtt ee BasisKubb ëmgeheit an ee FeldKubb steet nach, gëtt de BasisKubb nees opgestallt.

Wann eng Equipe seng 6 Worfbengelen geheit huet an et stinn nach FeldKubbs um Terrain däerf d’Géigenequipe op d’Héicht vun dem FeldKubb dem am noosten un der Kinnekslinn ass eruntrieden. Dat ass elo di nei Worflinn bis déi FeldKubbs ëmgeheit ginn.

De Saz ass eriwwer wann eng Equipe alleguer vun dem Géigner seng BasisKubbs ëmgeschoss huet plus de Kinnek. De Kinnek gëtt nëmmen vun der Grondlinn aus ofgeschoss. Schéisst eng Equipe de Kinnek ëm éier all BasisKubbs ofgeraumt goufen, ass de Saz verluer.

Zäitlimitt a Punkten

E Match dauert maximal 20 Minutten. De Match ass eriwwer wann d’Signal vun den 20 min ze héieren ass. Et gi maximal 2 Sätz gespillt/bewäert.
No all Saz ginn di ëmgeworfe BasisKubbs vum deenen 2 Equipen gezielt fir d‘Resultat vum Saz. Vir de Saz ze gewannen mussen di 5 BasisKubbs plus de Kinnek ëmgehäit gi sinn.

Fir ee färdeg gespillten Saz gin et 8 Punkten fir de Gëwënner an de Verléierer kritt 1 Punkt pro emgehäiten BasisKubb. Dëst as dann d‘Resultat vum Saz.

Ass ee Saz net fäerdeg no 20, ginn di ëmgehäiten BasisKubbs vum deenen 2 Equipen gezielt fir d’Resultat vum Saz.

D’Resultater vun deenen 2 Sätz gin eenzel opgeschriwwen an an der Tabell zesummegezielt.

An der Tabell zielen dann als éicht d’Punktendifferenz an de Sätz an dono d’Unzuel vun de Punkten déi an de Sätz gemaach gi sin.