Wikingerschach oder Kubb ass d’Trendsportaart vun de leschte Joren.

Et gëtt gesot, datt Wikingerschach schonn deemools bei de Wikinger gespillt gouf. Leider hunn di Leit, déi dat behaapten onrecht, mee et ass trotzdeem e flott Spill. Mat Schach huet et och net vill ze dinn. Et ass éischter wéi Pétanque awer mat Holzbengelen a méi strateegesch.
D’Zil ass, dem Géigner seng 5 ‘Baueren’ oder ‘Kubbs’ ëmzegeheien an dann zum Schluss de Kinnek an der Mëtt ze treffen. Et huet ee pro Équipe allkéiers 6 Versich mat Holzbengelen an enger spezieller Worftechnik dem Géigner seng ‘Kubbs’ ze treffen.

Fir méi genau Reegelen kann een op Youtube ënner Wikingerschach oder Kubb alles nosichen.